E puer Wochen no Japan ass elo och d'Nopeschland Südkorea vu schroen Iwwerschwemmunge betraff.

Wéinst dem staarke Reen sinn op d'mannst 30 Persounen ëm d'Liewe komm. Ronn 6.000 Leit hunn hir Wunnenge musse verloossen. Et ass och nach weidere Reen gemellt.