Bal 3.000 Tonnen Ammoniumnitrat waren an enger Hal am Hafe vu Beirut explodéiert.

Et ass elo an der Enquête schwéier nozevollzéien, wéi esou eng grouss Quantitéit u geféierlechem Material konnt iwwer 6 Joer laang ouni speziell ofgeséchert ze sinn, quasi matten an enger Stad, gelagert ginn.

Déi bal 3.000 Tonnen Ammoniumnitrat, déi zu Beirut an d'Luucht goungen, goufe vun der Firma Rustavi Azot a Georgien produzéiert. Et ass eng Fabrick fir Düngemëttel. Ammoniumnitrat kann als Dünger an der Landwirtschaft oder als Sprengstoff an der Grouwenindustrie agesat ginn. 2013 gouf d'Liwwerung iwwert d'Schinn an den Hafe vu Batumi bruecht, um Schwaarze Mier. An do gouf d'Rhosus gelueden. D'Schëff, ënnert dem Pavillon vu Moldawien, huet dem russeschen Industriellen Igor Grechushkin gehéiert, deen haut op Zypern lieft, a stoung op der ganzer Rees ënnert dem Kommando vum Kapitän Boris Prokoshev.

Vu Batumi aus goung d'Rees iwwert Athen op Beirut, wou nach schwéier Maschinnen hätte sollen dobäi geluede ginn, fir a Jordanien geliwwert ze ginn. Mat deem Opdrag hätt een de Passage duerch de Suez-Kanal bezuelt. No Jordanien hätt den Ammoniumnitrat da sollen op Beira a Mozambique bruecht ginn. Eng Sprengstoff-Fabrick hat e bestallt, fir a Minnen domat ze sprengen.

D'Rhosus huet awer aus verschiddenen Ursaachen den Hafe vu Beirut ni méi verlooss. An enger Inspektioun war d'Schëff duerchgefall. D'Ingenieuren hate Fuitte fonnt. Déi geféierlech Cargo huet kee gekëmmert. Den Equipage gouf rapatriéiert, bis op de Kapitän an 3 Ukrainer. Si krute vun de libaneseschen Autoritéite gesot, um Schëff am Hafen ze bleiwen, bis dass de Reeder géif d'Hafentaxen an d'Reparature bezuelen. Och no 11 Méint haten d'Libanesen nach keng Sue gesinn. Um Enn goufen och d'Séimänner ouni Pai heem goe gelooss an d'Schëff inklusiv den Ammoniumnitrat goufe vun de libaneseschen Autoritéite confisquéiert. Déi geféierlech Wuer gouf ausgelueden an an d'Hal 12 bruecht. D'Schëff selwer ass 2018 am Hafen ënnergaangen.

"Ech hu keng Anung, wéi et zu där Explosioun koum. Mee ech kann net verstoen, dass déi Wuer esou laang do stockéiert war. Mir waren 10 Méint do am Hafen an deen, dee se kaf hat, huet ni duerno reklaméiert. Souwäit ech weess, gouf se 2015 oder 2014 ausgelueden. Mee et hat ni ee se reklaméiert. Et hätt ee se missen als geféierlech mellen an dann op d'Felder bréngen, fir ze düngen an de Problem domat ze léisen. Ech weess net, firwat dat net geschitt ass.", erkläert de Boris Prokoshev, de Kapitän vun der Rhosus.

Do wou d'Hal 12 stoung, op engem Quai aus Beton armé, ass haut e Krater vun 140 Meter Duerchmiesser. E Mëttwoch, keng 24 Stonnen no den Explosiounen, huet d'Regierung d'Mataarbechter vun der Direktioun vum Hafen ënner Hausarrest gesat. Eng Enquête ass am Gaang. Human Rights Watch huet Zweiwel ugemellt, dass déi kredibel an transparent géif gefouert ginn.

Libanon gëtt mat 252,7 Milliounen Euro ënnerstëtzt

Am Kader vun enger Donateur-Konferenz e Sonndeg hu sech Politiker aus ënnerschiddleche Länner dozou bereet erkläert, de Libanon finanziell z'ënnerstëtzen. Däitschland stellt 20 Milliounen Euro zur Verfügung, sou den däitschen Ausseminister Heiko Maas, Frankräich esouguer 30 Milliounen Euro.

D'EU-Kommissioun huet weider 30 Milliounen zougesot nieft deenen 33 Milliounen Euro Direkthëllef. Et géing awer "strikt kontrolléiert" ginn, a wat d'Geld investéiert gëtt, sou den EU-Kommissär Janez Lenarcic. D'Geld soll deenen zu Hëllef kommen, déi am stäerkste vum Ongléck getraff goufen, fir hir Grondbedierfnisser ze decken.