Eng Woch no der katastrophaler Explosioun zu Beirut am Libanon ass déi libanesesch Regierung zeréckgetrueden.

Dat huet de Ministerpresident Hassan Diab e Méindeg den Owend an enger Ried op der Tëlee gesot. De Regierungschef, dee réischt zanter dem Januar am Amt ass, huet sech iwwer eng Korruptioun "endémique" an der politescher Elite a sengem Land beklot, déi och zu der Explosiounskatastroph leschten Dënschdeg gefouert hätt.

Regierungskritesch Protester e Méindeg

Mat der Demissioun vun der Regierung kéim een de Fuerderunge vun der Populatioun no, déi Verantwortlech fir dës Tragedie zur Rechenschaft ze zéien, sou den Diab. De Ministerpresident, dee kenger Partei ugehéiert, huet déi gesellschaftlech Auswierkunge vun der Explosioun am Hafe vu Beirut mat engem Äerdbiewe verglach. Zu Beirut ginn et zanter Deeg scho Protester géint d'Regierung, sou och um Méindeg. Och d'Demonstrante maachen d'Explosioun mat op d'mannst 160 Doudegen an villen Dausende Blesséierten un der Korruptioun am Land verantwortlech.

Virum Récktrëtt vun der kompletter Regierung hate scho verschidde Ministere Konsequenzen aus der katastrophaler Explosioun gezunn an hire Récktrëtt annoncéiert, dorënner och d'Justizministesch Marie-Claude Najm an de Finanzminister Ghasi Wasni.

© AFP

300.000 Mënschen ouni Daach iwwer dem Kapp

An der libanesescher Haaptstad geet vun 300.000 Mënsche rieds, déi no der duebeler Explosioun keen Daach méi iwwer dem Kapp hunn. Nodeems bal 3 Tonnen Ammoniun-Nitrat explodéiert waren, goufe sëllegen Haiser a Gebaier zerstéiert, déi genee Ursaache vun der Explosioun si bis haut nach net gekläert.

De Libanon stécht an enger uerger Wirtschafts- a Wärungskris zanter dem Enn vum Biergerkrich vu virun 30 Joer. No offiziellen Donnéeë liewen antëscht méi wéi 45 Prozent vun de Libanesen un der Aarmutsgrenz. Massiv Enkpäss ënner anerem bei Stroum- a Waasserversuergung stinn un der Dagesuerdnung.