Den designéierten demokrateschen US-Presidentschaftskandidat Joe Biden zitt d'Kamala Harris u seng Säit.

De Biden huet d‘Nominatioun vum Harris als seng potentiell Vizepresidentin en Dënschdeg den Owend eiser Zäit bekannt ginn. Si wier eng Kämpferin vum klenge Mann, déi keng Angscht hätt, huet de Biden getwittert.

D’Kamala Harris ass eréischt déi zweet afroamerikanesch Fra, déi et iwwerhaapt an den US-Senat gepackt huet. Si kéint déi éischt Vizepresidentin mat indesch-jamaikaneschen Originne ginn.

Ënnert Polit-Experte gëtt spekuléiert, dass d’Harris, sollt de Biden President ginn, 2024 selwer fir d’Presidence kéint kandidéieren, well den Joe Biden dat deen Ament op Grond vu sengem héijen Alter wuel dann net méi géif maachen.

Kamala Harris ass 1964 zu Oakland a Kalifornien gebuer an huet jamaikanesch-indesch Wuerzelen. Si war Procureur général am Distrikt Alameda County a Kalifornien an huet sech op d'Poursuite vu sexuellen Iwwergrëffer op Kanner konzentréiert. Et huet net laang gedauert, bis si dunn déi éischt schwaarz Fra als Procureur général vu San Francisco ginn ass.

2016 ass d'Kamala Harris eng éischte Kéier als Senateurin gewielt ginn. Kuerz drop huet si sech un d'Spëtzt vun der Oppositioun géint d'Awanderungspolitik vum aktuelle President Donald Trump gesat. Si kritiséiert d'Areesverbuet vu Persounen aus bestëmmte muslimesche Länner an engagéiert sech global fir Fraen- a Mënscherechter. Anescht wéi den Donald Trump setzt si sech och an der Lutte géint de Klimawandel an.

Kamala Harris / Rep. Chris Meisch

Weider huet si sech dofir engagéiert, dass déi grouss Reform vum amerikanesche Gesondheetssystem aus dem Joer 2010 net réckgängeg gemaach gëtt. Zanterdeem d'Kamala Harris Senateurin ass, huet si sech ënnert anerem staark fir Gesetzer fir d'Ënnerstëtzung vun der Mëttelschicht gemaach an eng Hausse vum Mindestloun a méi Rechter fir Flüchtlinge verlaangt.