Eng vun de prominentste Figure vun der Demokratiebeweegung a weider 9 Persoune waren am Kader vum neie Sécherheetsgesetz festgeholl ginn.

Kaum op fräiem Fouss ass de Mediemogul nees voller Tatendrang. Esou huet hien e Mëttwoch d'Demonstratiounen dozou opgefouert, weider ze kämpfen a géint déi operluechte Repressiounspolitik vu China op de semiautonomen Territoire vun Hongkong virzegoen. Alleguer d'Awunner vun Hongkong dierften net labber loossen, d'Demonstratioune géint d'Politik vum groussen Noper China ze ënnerstëtzen.

Duerch dat neit Sécherheetsgesetz, dat zanter Enn Juni a Kraaft ass, geet China an Hongkong mat ëmmer méi enger grouss Häert géint d'Demokratiebeweegung vir. De Mediemogul Jimmy Lai hat géint dat nei Gesetz demonstréiert a gouf zesumme mat 9 weideren Aktiviste festgeholl, elo koume si awer op Kautioun nees fräi.

Dat neit Gesetz erlaabt et, Aktivitéiten, déi vu China als subversiv, separatistesch oder terroristesch agestuuft ginn, mat liewenslaangem Prisong ze bestrofen.

Der fréierer brittescher Kolonie Hongkong ware bei der Iwwergab u China 1997 viru 50 Joer besonnesch Rechter zougeschriwwe ginn, dorënner Meenungs- a Versammlungsfräiheet.