Am Nordoste vu Schottland ass een Zuch vun de Schinnen ofkomm. D'Regierungscheffin Nicola Sturgeon schwätzt vun engem seriöe Virfall.

No staarken Iwwerschwemmungen an der Nuecht virdrun ass e Mëttwoch de Moie bei Stonehaven, eng 25 Kilometer südlech vun Aberdeen am Norde vu Schottland, en Zuch entgleist.

Op Biller op der Tëlee gesäit een Damp, dee vun der Plaz vum Ongléck eropkënnt. D'Noutdéngschter wieren op der Plaz an et wier als schwéieren Tëschefall deklaréiert ginn, sot d'Regierungscheffin. Et hätt een éischt Berichter iwwer schwéier Blessuren.

Eng 30 Noutdéngscht-Gefierer waren op der Plaz. D'Bedreiwergesellschaft Network Rail Scotland sot, et wier nach ze fréi fir ze soen, wat genee geschitt wier, a wéi schro d'Ongléck wier.

Wéi verschidde Medienhaiser schreiwen, géifen et Blesséierter an op d'mannst 3 Doudeger ginn - soss Detailer ginn et nach keng. An der Nuecht virdru koum et zu Wiederen an extrem staarke Reen.