Wéi seng Entreprisë matgedeelt hunn, ass de Redstone en Dënschdeg den Owend gestuerwen.

Ugefaange mat enger Chaîne vun Drive-In-Kinoen hat den US-amerikaneschen Entrepreneur sech e Medien-Imperium opgebaut, dorënner ViacomCBS, andeems en aner Betriber op méi oder manner frëndlech Aart a Weisen opkaaft huet.

An de leschte Jore war de Redstone ëmmer nees a juristesch Streidereien iwwert seng Gesondheet a mental Kompetenz geroden, déi zum Deel enger Televisiounssoap geglach hunn.

Wéi hie sech zréckgezunn huet, huet seng Duechter Shari Redstone d'Kontroll vu sengen Entreprisen iwwerholl, ma aner Familljememberen hunn hir reprochéiert, hire Papp ze manipuléieren.

Seng Enkelin Keryn Redstone huet sech mam Milliardär senger Ex-Frëndin Manuela Herzer zesummegedoen an e Rechtssträit lassgetrëppelt, fir de Sumner Redstone als inkompetent deklaréieren ze loossen.

Mat 92 hat de Redstone sech matten am Sträit iwwert seng mental Kompetenz vu senger exekutiver Positioun zréckgezunn.