Um Site vu Woippy-Plage bei Metz, koum et e Mëttwoch am Nomëtteg schonn nees zu engem déidleche Schwamm-Accident, woubäi e 19 Joer jonke Mann erdronk ass.

Et ass dat zweet déidlecht Accident bannent grad emol 5 Deeg op deem Bagger-Séi, deen zu Metz als Noerhuelungsgebitt gëllt.

Eréischt e Samschdeg war en 28 Joer ale Mann am Séi erdronk. Allebéid konnte se der franséischer Police no net richteg schwammen.