De belarusseschen Staatschef Lukaschenko an de russeschen President Putin gesi sech um Méindeg zu Sotschi fir e Krisegespréich.

Iwwer 400 Mënsche sinn e Sonndeg bei de Masseprotester zu Minsk géint de belarussesche Staatschef Alexander Lukaschenko festgeholl ginn. 250 vun hinne scho virum Start vun de Protester. Dat huet den Inneministère an der Haaptstad matgedeelt.

Insgesamt hate sech eleng zu Minsk Zéngdausende Mënschen de Protester ugeschloss, dat trotz dem Demonstratiounsverbuet. D'Mënscherechtsorganisatioun Wjasna huet esouguer vun iwwer 150.000 Participantë geschwat.

Och an anere Stied vum Land gouf et de Weekend iwwer Protester, dorënner zu Witebsk an zu Grodno. Zu Witebsk ass d'Police mat Gewalt géint déi friddlech Demonstrante virgaangen. Zu Brest hunn d'Sécherheetsautoritéiten e Waasserwerfer géint d'Leit agesat.

De belarussesche Staatschef Lukaschenko an de russeschen President Putin gesi sech um Méindeg zu Sotschi fir e Krisegespréich. Et ass déi éischt Entrevue tëscht den zwee Politiker zanter den Parlamentswalen a Belarus den 9. August.
De Lukaschenko kritt reprochéiert d'Wale manipuléiert ze hunn.