Dat, well hien 2015 eng palestinensesch Famill ëmbruecht hat. De Mann hat en Haus a Brand gestach, e Bëbee a seng Eltere koumen dobäi ëm d'Liewen.

En israelesche Mann gouf schëlleg gesprach an zu enger dräifacher liewenslänglecher Prisongsstrof verurteelt. De Mann hat mat engem mannerjärege Kompliz een Haus a Brand gesat, woubäi ee Kand vun 18 Méint a seng Elteren ëm d'Liewe komm sinn. Bei dësem Brand hat just ee Kand vu 5 Joer iwwerlieft.

Et war eng vun de brutaalsten Attacke vu jiddeschen Extremisten an deene leschte Joren. D'Attack koum kuerz nodeems Palestinenser eng jiddesch Fra e puer Deeg virdrun ëmbruecht haten.