Bis ewell huet éischter wéineg dofir geschwat, dass et Liewen um Planéit Venus kéint ginn. Nei Erkenntnisser kéinten elo de Géigendeel beweisen.

D'Jane Greaves, Astrobiologin vun der Universitéit Cardiff an de Kapp vun der internationaler Ekipp vu Fuerscher, déi Miessungen an der Atmosphär vun der Venus duerchgefouert hunn, schwätzt vun engem reegelrechte Schock, wéi Unzeeche fir de Gas Phosphin festgestallt goufen. Dëst kéint nämlech drop schléissen, dass et Aktivitéite vun ausserierdeschem Liewen um Planéit kéinte ginn.

Hei muss een sech awer virun A behalen, dass d'Venus net wierklech Konditiounen huet, bei deenen een op d'Iddi kënnt no ausserierdeschem Liewen ze sichen: 400 Grad kënnen et op der Uewerfläch vum Planéit mol waarm ginn, den Drock läit bei extrem héijen 90 bar. D'Atmosphär da besteet zu 95% aus Kuelendioxid an d'Wolleke vun der Venus bestinn aus Drëpsen aus Schwiefelsaier.

Ma genee an dëse Wolleke kéint sech Liewe forméiert hunn. An Héicht vu 50 Kilometer sinn nämlech hei angeneem 30 Grad, de Loftdrock läit bei engem bar, also Konditioune wéi bei eis op der Äerd.

An dëse Wolleke-Schichten hunn elo 2 Ekippe vu Fuerscher onofhängeg vunenee Phosphin entdeckt, dat mat Hëllef vun engem Radioteleskop. Dëse Gas kann an der Natur net einfach esou entstoen.

Op der Äerd zum Beispill ka Phosphin nëmmen dann entstoen, wa kee Sauerstoff chemesch matgemëscht gëtt, zum Beispill um Fong vun engem Mouer oder am Daarm vu Fësch. Grondsätzlech ass Phosphin fir Liewewiesen, déi op Sauerstoff ugewise sinn, gëfteg. Dowéinst ass Phosphin op Plaze wou kee Sauerstoff ass en Zeechen dofir, dass et Liewen do gëtt, also e sougenannte Biomarker. A genee dat ass elo de Fall op der Venus.

Ganz aktuell wëll Russland elo am Joer 2026 oder 2031 mam Satellit Venera-D op d'Venus fléien, fir do an der Atmosphär Prouwen ze huelen. Russland wier hei och interesséiert, fir mat der NASA zesummenzeschaffen.