6 jonk Flüchtlingen, déi lescht Woch d'Lager Moria sollen a Brand gesat hunn, goufe vun der Police festgeholl.

Dat deelt de Michalis Chrysochoidis, griichesche Minister fir Biergerschutz, mat. Deemno wieren et jonk Flüchtlingen, ee weidere géing nach gesicht ginn, huet hien am Staatsradio ERT gesot. Aus Policekreesser heescht et, dass déi 6 presuméiert Brandstëfter aus Afghanistan kommen an hir Asylunträg refuséiert goufen.

Däitschland hëlt 1.553 Flüchtlingen op

Bei eisen däitschen Noperen huet sech d'grouss Koalitioun dorobber gëeenegt, ronn 1.500 Flüchtlingen aus Griicheland opzehuelen. Donieft hunn Unioun an SPD weider drop gepocht, dass eng europäesch Léisung misst fonnt ginn.

D'DPA mellt iwwerdeems, dëst wieren haaptsächlech Famillje mat Kanner. Zanter dem Feier am Flüchtlingslager Moria op der Insel Lesbos hu jo eng 12.000 Leit keen Daach méi iwwert dem Kapp.
Iwwerdeems verlaangt d’Flüchtlingshëllefswierk vun de Vereenten Natiounen e séiert Handelen vun der Europäescher Unioun. D’Zoustänn am Lager Moria wieren eng humanitär Noutlag.

No Joren, wou eng gemeinsam EU-Politik fir Refugiéen näischt gi wier, stéingen d’Länner lo an der Flicht, de Mënschen op Lesbos ze hëllefen.

Griicheland selwer plangt iwwerdeems de Bau vun engem neie Lager op Lesbos, wou d’EU sech soll dru bedeelegen.