Iwwer 9.000 nei Fäll pro Dag. Frankräich ass eent vun de Länner an Europa, wat den Ament am Meeschte vun der Corona-Kris betraff ass.

Eis Korrespondentin a Frankräich Valentine Patry huet Lëtzebuerger zu Paräis begéint a mat hinnen doriwwer geschwat, wéi si dës aussergewéinlech Situatioun erliewen.

Fir vill Leit ass de Mask unzehunn zu enger Gewunnecht ginn, den Teletravail gëtt vill genotzt an och fir d'Studente geet d'Liewe lues a lues weider.