Déi international Tourismusbranche huet am éischten Hallefjoer en historeschen Ëmsazverloscht verzeechent.

Wéi d'Vereenten Natioune en Dënschdeg zu Madrid matgedeelt hunn, hätt den Tourimussecteur tëscht Januar a Juni en Ëmsazverloscht vu 460 Milliarden Dollar gemaach (388 Milliarden Euro). Zäitweis wier et zu engem komplette Stëllstand vun alle Reesaktivitéite komm.

Deemno wier den Ëmsazverloscht 5 Mol méi héich gewiescht wéi wärend der internationaler Finanz- a Wirtschaftskris am Joer 2009.

An den éischte 6 Méint vum Joer goufen et ronn 65 Prozent manner Touriste weltwäit. Zwar hätt een dës Lescht nees kënnen a ville Regioune Vakanz maachen, ma wéinst der schwaacher Nofro géing d'Tourismusbranche nach ëmmer leiden.