Wärend engem Test an enger vun de 4 Produktiounsunitéite gouf festgestallt, dass eng Turbo-Pompel net richteg funktionéiert huet.

De Mëssel konnt doropshi behuewe ginn. Dat Ganzt hätt zu kengem Ament en Afloss op d'Sécherheet vum Wierk gehat, well et nach weider 3 esou Pompele ginn, déi normal géife funktionéieren.

De Virfall am Atomkraaftwierk zu Cattenom gouf als Evenement vum Niveau 1 gemellt, der klengster vun insgesamt 7 Geforestufen.