Dat japanescht Parlament huet den neie President vun der Regierungspartei LDP als neie Ministerpresident gewielt.

Domat gëtt hien den neien Nofollger vum Shinzo Abe, deen Enn August aus gesondheetleche Grënn huet missen zerécktrieden. De Yoshihide Suga krut 314 vu 462 Stëmmen.