En Donneschdeg um 11 Auer sollt Däitschland jo den Eeschtfall prouwen am Fall vun enger Attack, Naturkatastroph oder engem nuklearen Accident.

Dobäi huet net alles esou funktionéiert wéi et sollt. Wéi et elo ausgesäit, ass de Christoph Unger wéinst der Pann säin Job als President fir Bëvëlkerungsschutz a Katastrophenhëllef lass. RBB bericht, dass den Horst Seehofer entscheet hätt, hien ofzesetzen.

De Bundesinneminister hat schonn am Viraus ugekënnegt, dass personell Konsequenzen net kéinten ausgeschloss ginn.