Den Onlinehändler huet d’lescht Joer eng 6,7 Milliounen Euro u Steiere a Groussbritannien bezuelt, obwuel Amazon do ronn 15 Milliarden Ëmsaz gemaach huet.

Dat huet Reuters e Mëttwoch de Mëtteg gemellt. Steiere bezilt een zwar net um Chiffre d'affaires, mee d'Profitter a Groussbritannien wieren net public, sou d'Noriichtenagence. Dës Profitter géingen iwwert eng Rei Lëtzebuerger Societéite lafen. Amazon steet ferm an der Kritik, well d'Entreprise en enormen Ëmsätz mécht, mee nëmme ganz wéineg Steiere bezilt. Elleng wärend dem Lockdown ass och d'Verméige vum Jeff Bezos ëm 20 Milliarden Euro gewuess.