1945, direkt nom Zweete Weltkrich, gouf d'Uno gegrënnt, fir international Zesummenaarbecht ze fërderen a Konflikter ze vermeiden.

Si zielt 190 Member-Staaten. Am Kontext vun hirem 75. Anniversaire stoung d'Haaptzeremonie zu New York ënnert dem Motto: "D'Zukunft, déi mir wëllen, d'Vereenten Natiounen, déi mir brauchen: Bekräftege vun eise gemeinsame Bekenntnisser zum Multilateralismus."

Wéinst der Corona-Pandemie ass d'Feierlechkeet gréisstendeels virtuell. Iwwer 180 Riedner gi sech erwaart. Ënnert de Riedner sinn den Uno-Generalsekretär Guterres, den US-President Donald Trump an déi däitsch Kanzlerin Merkel. En Dënschdeg ass den Optakt vun der Generaldebatt vun de Vereenten Natiounen, déi all Joer organiséiert gëtt.