Den US-President Trump refuséiert et, enger friddlecher passation des pouvoirs, am Fall vun enger Wal-Néierlag den 3. November, zouzesoen.

„Mer wäerte gesinn, wat da geschitt“, sot hien op eng entspriechend Fro vun engem Journalist am Wäissen Haus.

Et ass fir d'éischte Kéier iwwerhaapt, dass en amtéierende President sou eng Ausso mécht, wat bei sengem Kontrahent Joe Biden op Onversteesdemech gestouss ass. A wéi engem Land liewe mer, gëtt hie vun US-Medien zitéiert.

Den Trump gesäit weiderhin d’Bréifwal als Gefor, déi senger Opfaassung no, vun den Demokrate kéint manipuléiert ginn, fir d’Walen ze gewannen.