Den Demokratie-Aktivist Joshua Wong war vun der Police festgeholl ginn. Dat geet aus engem Message vu sengem Twitter-Account ervir.

Zu Hongkong ass d'Police op en Neits géint bekannt Unhänger vun der Demokratiebeweegung virgaangen. De bekannten Hongkonger Aktivist Joshua Wong gouf en Donneschdeg vun der Police festgeholl, well hien d'lescht Joer un enger illegaler Versammlung, wärend de Protester géint e Vermummungsverbuet, Deel geholl hätt. Dat huet säin Affekot matgedeelt. Schonn am August hat de Wong gesot, dass hie géing domadder rechnen, all Ament festgeholl ze ginn, well am Mee e ganz ëmstriddent nationaalt Sécherheetsgesetz agefouert gouf. Dat Gesetz viséiert all Aktivitéiten, déi China als subversiv, separatistesch oder terroristesch ugesäit.

Medien no soll de Wang e puer Stonnen no senger Verhaftung nees fräi gelooss gi sinn.

Déi fréier brittesch Kolonie Hongkong ass zanter 1997 eng Sonderverwaltungszon vu China, déi beim Transfert fir 50 Joer laang exzeptionell Rechter accordéiert krut, dorënner Meenungs- a Versammlungsfräiheet, déi duerch d'Sécherheetsgesetz awer elo nees a Fro gestallt sinn.