Hie wär nach net honnertprozenteg wéi virdrunner, sou heescht et vu senger Ekipp.

Seng lénks Hand wär nach deelweis geläämt an hie misst all Dag Krankegymnastik maachen, fir kënnen ze léieren, säi Gläichgewiicht nees ze halen.

Den Nawalny war jo den 20. August wärend engem Fluch schlecht ginn a war vu sech. 2 Deeg drop gouf hien aus engem russesche Spidol op Berlin an d'Charité geflunn. Do konnt erausfonnt ginn, dass de 44 Joer ale mat engem Nervegëft aus der Nowitschok-Grupp vergëft gouf.

Hie war 32 Deeg am Spidol a 24 Deeg op der Intensivstatioun. D'Ekipp vum Nawalny huet däitlech gemaach, dass den Oppositiounspolitiker zeréck a Russland wäert goen, fir säin Engagement virunzeféieren.