Et ginn och ëmmer méi schwéier krank Leit a Frankräich. En Donneschdeg goufen 52 Doudesfäll gemellt.

D'Corona-Mesurë goufe verschäerft, mä an de betraffe Regiounen kënnt dat guer net gutt un, déi fille sech iwwergaangen.

Zu Marseille mussen d'Caféen a Bare jo nees zoumaachen. D'Buergermeeschtesch wiert sech. Och de President vun der Regioun Provence-Alpes-Côte-d'Azur wëll juristesch dogéint virgoen.

A Groussbritannien klammen d'Zuelen och. Hei gouf et iwwer 6'600 nei Fäll. 40 Mënsche sinn en Donneschdeg gestuerwen. Och hei goufen d'Moossname verschäerft. D'Puben a Restauranten mussen um 22 Auer zoumaachen.