Zu Paräis goufe bei enger Messerattack zwou Persounen uerg blesséiert, si schwiewen awer net a Liewensgefor.

Bei enger Messerattack zu Paräis mat zwee Blesséierten handelt et sech dem franséischen Inneminister Gérald Darmanin no ëm eng islamistesch Attack. Den Tëschefall an der Géigend vum fréiere Sëtzt vum Satire-Magazin "Charlie Hebdo" wär "eendeiteg een islamisteschen Terrorakt", sou den Darmanin e Freideg den Owend op der Tëleeschaîne France 2.

De presuméierten Haaptauteur vun der Messerattack hätt seng Dot gestanen. De Mann hätt eegenen Aussoen 18 Joer an hätt pakistanesch Originnen.

Als Motiv hätt de presuméierten Täter d'Mohammed-Karikaturen vun ''Charlie Hebdo'' genannt, déi d'Zeitung op en Neits verëffentlecht hat. De Mann hätt dës net erdroe kënnen.

Dat Ganzt ass e Freideg géint Mëtteg an der Géigend vun der fréierer Redaktioun vum Satire-Magazin geschitt.

Déi Blesséiert si Mataarbechter vun der Presse-Agence an Produktiounsfirma „Premières Lignes Télévision“, déi och un der renomméierter Sendung „Cash Investigation“ matschaffen. Dat huet eng Collaboratrice dem Sender France 2 confirméiert.

D'Police hat d'Bierger nom Tëschefall dozou opgeruff, den 11. Arrondissement an der Haaptstad z'evitéieren. Kuerz no 13 Auer gouf eng verdächtegt Persoun net wäit fort vun der "Place de la Bastille" festgeholl, och eng zweet Persoun gouf verhaft. Den Algerier, deen ugangs och an der Géigend vun der Plaz vun der Dot festgeholl gouf, koum awer an der Nuecht op e Samschdeg allerdéngs nees fräi.

Elo wier ee weidere Verdächtege festgeholl ginn. Der Justiz no géif et sech ëm e fréiere Matbewunner vum Haaptverdächtegen handelen. Dat mellt déi franséisch Noriichtenagence AFP um Samschdeg de Moien.

Insgesamt sinn der AFP no domat 7 verdächteg Persounen an der Garde à vue.

Déi satiresch Zeitung "Charlie Hebdo" hat jo nees vu sech schwätze gedoen, well se decidéiert hat, fir d'Karikaturen, déi zu der terroristescher Attack am Januar 2015 gefouert haten, nach eng Kéier ze publizéieren.

Engersäits hu vill Leit dëse Schratt begréisst, Kritik gouf et awer aus de muslimesche Länner. Menacen hat d'Terrororganisatioun "Al-Quaida" ausgeschwat. A Frankräich hate vill Medien dozou opgeruff, fir sech fir d'Meenungsfräiheet anzesetzen an Charlie Hebdo z'ënnerstëtzen.

Aktuell leeft zu Paräis e Prozess géint Persounen, déi verdächtegt ginn, bei der Terrorserie am Januar 2015 gehollef ze hunn. Deemools war jo och d'Redaktioun vum ''Charlie Hebdo'' Affer vun Attacke ginn.