Den US-President Trump huet d'Riichterin Amy Coney Barrett als Nofollgerin fir déi viru Kuerzem verstuerwe Ruth Bader Ginsburg ernannt.

Déi 48 Joer al Amy Coney Barrett ass streng kathoulesch a gëllt als konservativ. Si ass als Ofdreiwungsgéignerin bekannt an huet selwer 7 Kanner.

© University of Notre Dame/AFP/Archives/Julian VELASCO

Mat dëser Entscheedung vum President Trump hunn déi konservativ Riichter um Supreme Court an Zukunft eng kloer Majoritéit vu 6 zu 3 Sëtzer.

Well dëse Posten op Liewenszäit gëllt, wier dës konservativ Majoritéit da warscheinlech och fir eng laang Zäit zementéiert.