9 Méint nom Ausbroch vun der Pandemie géing et sou ausgesinn, wéi wann elo scho just d'Virstellung vun enger internationaler Gemeinschaft ruinéiert wär.

Dat sot den Johnson an sengem Video-Message am Kader vun der 75. Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen.

Et dierft net méi geschéien, dass 193 verschidde Campagnë géint den nämmlechte Feind gefouert ginn.

De Boris Johnson huet donieft e Plang presentéiert, fir an Zukunft preventiv géint Pandemien z'agéieren. Ënner anerem soll dofir ee Fuerschung-Reseau fir Infektiounskrankheeten uechter d'ganz Welt opgebaut ginn, fir geféierlech Erreeger z'identifizéieren iert se vum Déier op de Mënsch iwwersprangen.

Donieft missten dann och d'Donnéeë weltwäit gedeelt ginn, fir een „Frühwarnsystem“ géint Krankheetsausbréch opzebauen.

De Boris Johnson, dee jo am Fréijoer selwer mam Covid-19 am Spidol louch, huet iwwerdeems ugekënnegt, dass Groussbritannien ronn 547 Milliounen Euro wäert fir de globale Vaccin-Schutz-Programm bäisteieren, deen déi 92 äermste Länner op der Welt mat engem Vaccin géint de Coronavirus soll versuergen.

Donieft wëll de Boris Johnson d'Weltgesondheetsorganisatioun stäerken. D'WHO misst an Zukunft eng zentral Roll spillen – och wa se wierklech eng Reform bräicht - sou de brittesche Premier. Groussbritannien géing an den nächsten 4 Joer dofir 371 Milliounen Euro un d'WHO ginn. Dat sinn 30 Prozent méi wéi iwwer déi lescht Period vun 4 Joer.