No den Affrontementer um Sonndeg de Moie fréi tëscht béide Säiten huet Armenien nach déi allgemeng Mobilisatioun verkënnegt an d'Krichsrecht ausgeruff.

Aserbaidjan soll gezielt Plazen a Berg-Karabach bombardéiert hunn, dorënner och d'Haaptstad Stepanakert. Heibäi sollen och vill Zivilisten ëm d'Liewe komm sinn. An der Regioun Berg-Karabach liewe virun allem chrëschtlech Armenier. D'Regioun gesäit sech selwer op als onofhängeg. Se läit trotz Manifestatiounen op aserbaidjaneschem Gebitt, dat virun allem islamesch markéiert ass.

Och den Aserbaidjan huet um Sonndeg den Owend d'Krichsrecht ausgeruff.