Joerzéngte laang war Gorleben de Favorit bei der Sich no engem Endlager fir héichradioaktiven atomaren Offall.

Elo spillt d'Minière keng Roll méi. Dofir huet d'Bundesgesellschaft fir Endlagerung (BGE) 90 aner Gebidder fonnt, an deenen Atommüll kéint gelagert ginn. Si hätten déi néideg geologesch Viraussetzungen, dat geet aus engem Tëschebericht ervir, deen um Méindeg publizéier gouf.

Gebidder an der Ëmgéigend vu Gorleben komme weiderhin a Fro. Dat nämmlecht gëllt fir grouss Gebidder an allen norddäitsche Bundeslänner souwéi och Sachsen, Bayern a Baden-Württemberg. D'Ruhrgebitt kënnt wéinst deene villen ale Minièren, déi d'Plaze geologesch onsécher maachen, net als Atom-Endlager a Fro.

Op enger interaktiver Kaart vun der BGE kann ee sech déi verschidde Gebidder am Detail ukucken.