D'Déier huet d'Fra attackéiert, wéi si de Käfeg vum Déier wollt botzen.

Dobäi huet de Gorilla der Fra béid Äerm gebrach a si och nach um Kapp blesséiert.

Aner Fleeger sinn der Fra zu Hëllef komm a konnten d'Déier vun hir trennen. Mat engem Berouegungsmëttel huet een den 29 Joer ale Gorilla gedéit an dono nees a sengem Käfeg agespaart. Do huet sech de Malabo dann och berouegt.

Wéi et vum Spidol heescht, wou déi 49 Joer al Fra ageliwwert gouf, wier hiren Zoustand "seriö".

Vum Zoo hir kann ee sech d'Aktioun vum Malabo net erklären. Hien ass vu Fleeger opgezu ginn an ass normalerweis ganz léif mat de Mënschen.