A 5 Wochen sinn an den USA d’Presidentschaftswalen. An der nächster Nuecht ass dat éischt TV-Duell tëscht den 2 Kontrahenten Donald Trump an Joe Biden.

Um 3 Auer eiser Zäit stinn déi 2 sech zu Cleveland géintiwwer, moderéiert vum Fox News-Journalist Chris Wallace. Sujete sinn nieft der Corona-Pandemie, och de Rassismus-Debat an déi ëmstridden Nominatioun vun enger neier Verfassungsriichterin. An de Sondagen läit den Trump den Ament hannert dem Biden.

Zwee weider Tëleesdebatte sinn nach fir den 15. an den 22. Oktober programméiert.

Et gëtt hëtzeg an den USA

Trump vs. Biden - Reportage vum Tim Morizet

En Dënschdeg den Owend ass et den 1. televiséierten Debat tëscht dem aktuelle President Donald Trump a sengem demokrateschen Erausfuerderer Joe Biden. Bis ewell huet sech e Groussdeel vum Walkampf op Pressekonferenzen an op de soziale Medien ofgespillt. En Dënschdeg ass et zu Cleveland, am Bundesstaat Ohio, en éischt Zesummentreffen.

D'Virbereedunge lafe schonn zanter Deeg op Héichtouren. Et gëtt geprouft, probéiert déi lescht Onsécherheete bei de wichtegen Diskussiounsthemen erauszekréien a lescht Akzenter op déi richteg Kierpersprooch ze setzen.

En Zenario ewéi am Debat Bush Senior géint Bill Clinton well kee méi. 1992 hat de republikanesche Kandidat wärend dem televiséierte Gespréich op d'Auer gekuckt. Et huet esou ausgesinn, ewéi wann hie verzweiwelt op de Schluss vum Debat géif waarden, Biller, déi ronderëm d'Welt goungen a vläicht och eng Wal decidéiert hunn.

Wien als Gewënner bei der Iwwerdroung vu Cleveland erausgeet bléift ongewëss. Wat awer gewëss ass, ass, datt den Debat op der Tëlee wärend enger Pandemie esou vill Impakt ewéi scho laang net méi kann hunn. Zemools wann sech dës Debaten an éischter Linn dacks manner op de Contenue ma d'Presentatioun vum Charakter op der Bün fokusséieren.

De Joe Biden ass punkto Televisiouns-Debatte wuel den erfuerenste Politiker. Dem Donald Trump seng Onberechenbarkeet awer ass seng gréisste Stäerkt, wann och gläichzäiteg seng gréisste Schwächt. D'Fro hei ass, ob en Joe Biden sech wierklech kann op eng Diskussioun preparéieren. De President Trump wäert virun allem op all ze heefeg Aussetzer a Verschwätzer vum demokratesche Kandidat Biden waarden, fir dësen am Public als onfäeg duerzestellen.

De Joe Biden wäert anerersäits méi sachlech un Diskussioun erugoen a virun allem dem Trump säin, wéi de Biden ëmmer seet, "miserabelt" Corona-Krisemanagement attackéieren. Ob dat Punkte bréngt, bléift ze gesinn.

Den éischten Debat am Bundesstaat Ohio ass en decisiven. De President Trump läit an de meeschte Wal-Ëmfroen hannen, muss dohier iwwerzeegem, fir nach eng Chance op d'Re-Elektioun ze hunn. De Joe Biden muss punkten, fir säi Virsprong net ze verléieren.

Moderator en Dënschdeg den Owend ass de „Fox News“ Presentateur Chris Wallace, bekannt fir séi pickegen Interview-Style an ee vun de manner beléifte Fox-Journalisten um Twitter-Feed vum aktuelle President Trump.