An eisem däitschen Nopeschland Rheinland-Pfalz hunn um Dënschdeg de Moien nees Warnstreiken am ëffentlechen Transport (ÖPNV) ugefaangen.

Der Gewerkschaft Verdi no hätten eng 1.400 Beschäftegt d’Aarbecht néiergeluecht. Et geet ëm en neien Tarif-Vertrag, deen dem Wëlle vun der Gewerkschaft no, Däitschland-wäit soll gëllen.

Nieft Mainz, Kaiserslautern a Pirmasens, wier och Tréier de ganzen Dag iwwer affektéiert.