Hie géif keng aner Explikatioun gesi fir seng Vergëftung. Dat sot de russeschen Oppositiounspolitiker Alexej Nawalny an engem Interview mam Spiegel.

Et war deen éischten Interview zanter deem hien aus dem Spidol eraus ass.

De Kreml-Kritiker, dee vergëft gouf, mécht also elo eng éischte Kéier och selwer de russesche President Putin responsabel fir d'Gëftattack.

Dernieft huet hien annoncéiert,  datt hien zeréck a Russland wëll.