Wärend verschidde Spideeler net méi genuch Kapazitéiten hunn, fir Leit opzehuelen, gëtt op anere Plazen am Land Party gemaach.

Well d'Neiinfektiounen ëmmer méi an d'Luucht ginn, huet d'Regierung streng Mesuren ergraff. Fir d'Verbreedung vum Virus anzedämmen, gouf e partielle Lockdown decidéiert. Dat huet de Regierungschef Mark Rutte en Dënschdeg ugekënnegt. De selwechten Dag goufen nämlech eng 7.300 nei Fäll gemellt.

Alkohol consomméieren, danzen an dat ouni Sécherheetsofstand: E Mëttwoch hunn d'Awunner an der hollännescher Stad bis kuerz virun "Zapfenstreich" gefeiert. Vun e Mëttwoch 22 Auer u mussen jo d'Lokaler hir Dieren zoumaachen. An engem Video huet d'BBC-Korrespondentin Anna Holigan festgehalen, wéi d'Partyleit vun de leschte Stonnen Nuetsliewe profitéiert hunn.

Änlech Zeene goufe kuerz virdrun zu Liverpool gemellt. Och hei hate virum allem jonk Leit zesumme fir Stëmmung gesuergt a gedronk - wéi wann et kee Coronavirus géing ginn.