Bei eise belschen Nopere mussen d'Caféen an d'Restauranten hir Diere fir 4 Wochen zouloossen.

D'Belsch geet e Schratt zeréck an huet nei Reegelen decidéiert, fir d'Infektiounszuelen erëm no ënnen ze drécken.
Notamment ginn d'Caféen an d'Restaurante fir ee Mount zou an et gëllt eng Ausgangsspär tëschent Hallefnuecht a 5 Auer Moies.

Den Teletravail gëtt erëm d'Reegel an deene Secteuren, an deenen et méiglech ass, vun Doheem ze schaffen an et dierf een nach een eenzege méi "noe" Kontakt hunn. Et dierf een awer weider zu 4 Leit doheem sinn, ënnert der Konditioun, datt et wärend 2 Wochen, déi selwecht Persoune sinn.

Et wiere streng Mesuren sot de belsche Premier Alexander de Croo. Et géife schwiereg Wochen op d'Land duer kommen, ma dës Moossname wieren néideg, fir dat Schlëmmst ze verhënneren.

Extrait Alexandre De Croo

Et ass och verbueden, datt Owes no 20 Auer nach Alkohol verkaaft gëtt. D’Belsch hat an de leschte 14 Deeg all Dag 55 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner.