D'Tierkei huet, wéi et schéngt, fir déi éischte Kéier e Rakéiten-Ofwier-System getest, dat vu Russland kaf gouf.

Medie schreiwen, dass de Test am Norde vum Land beim Schwaarze Mier organiséiert gouf. Den tierkesche Verdeedegungsministère huet dozou näischt gesot.

Den US-Ausseministère huet dësen Test schaarf kritiséiert. Schonn de Kaf vum russesche Waffesystem hätt fir Spannungen tëscht Washington an Ankara gefouert.

D'USA wollten nämlech, dass de Nato-Partner amplaz vum russesche Waffesystem hire Patriot-Ofwier-System kafen sollt.