Armenien an den Aserbaidschan ware sech e Samschdeg iwwert eng Wafferou am Konflikt ëm d'Regioun Nagorno-Karabach eens ginn.

Kuerz nodeems déi "humanitär Wafferou", wéi se genannt gouf, ëm Hallefnuecht a Kraaft getrueden ass, hu béid Konfliktparteie sech awer géigesäiteg beschëllegt, sech net drun ze halen. Scho virun enger Woch hat eng Wafferou, déi mat Hëllef vu Russland ausgehandelt gi war, net laang gehalen.

De joerzéngtelaange Konflikt tëschent de béiden Ex-Sowjet-Republiken ëm den Nagorno-Karabach ass virun e puer Wochen eskaléiert. Et sinn déi bluddegste Konfrontatiounen zanter 30 Joer.