Fir déi éischte Kéier zanter 70 Joer soll an den USA eng Fra higeriicht ginn.

D'Lisa Montgomery huet eng schwanger Fra am Joer 2004 brutal erwiergt, huet hiert ongebuerent Kand aus dem Bauch geschnidden a gekidnapped.

Si gouf 2007 zum Dout verurteelt a soll den 8. Dezember am nordamerikaneschen Indiana higeriicht ginn.

Déi lescht Fra, déi an den USA zum Doud verurteelt gi war, war d'Bonnie Heady. Si gouf 1953 vergaast.