Zu Oochen huet e Senior Pefferspray benotzt an op e Grupp Jogger an 2 Vëlosfuerer gesprutzt.

Béid Cycliste konnten nach rechtzäiteg mat Tréinen an den Ae vum Vëlo erofklammen, éier et zu engem Accident komme konnt. Doropshin hate si d'Police kontaktéiert.

De Beamte géintiwwer huet de Senior behaapt, hien hätt sech net anescht ze hëllefe gewosst. Grond dohannert war d'Anhale vum Social distancing a Corona-Zäiten.

Elo erwaart den 71 Joer ale Mann e Strofprozess wéinst geféierlecher Kierperverletzung a wéinst geféierlechem Agrëff an de Stroosseverkéier. D'Police huet iwwerdeems en Zeienopruff erausginn, fir déi concernéiert Jogger ze fannen.