Dat huet de President Trump op Twitter matgedeelt. Als Konterpartie bezilt de Sudan 335 Milliounen Dollar Entschiedegungen un d'Affer vun Terrorattacken.

De Sudan steet zanter 1993 op der Lescht. Ënnert anerem hat dat ostafrikanescht Land den Al-Kaida Chef Osama Bin Laden opgeholl. Well de Sudan op der Lescht steet, gouf en international isoléiert.

Den EU- Chefdiplomat Borrell huet annoncéiert , datt een d'Decisioun vu Washington wëll ënnerstëtzen.