Bei eise belsche Noperen hu sech d’Infektiounszuelen an de leschten 2 bis 3 Woche quasi vervéierfacht.

Besonnesch d'Regioun Léck ass betraff, wou an der Woch vum 9ten op de 15ten Oktober all 4ten Test positiv ausgefall ass. Dat waren eng 10.500 Nei-Infektiounen.

Irland a Wales ginn iwwerdeems wéinst der Hausse bei de Nei-Infektiounen nees an e kompletten Lockdown. Fir 6 respektiv zwou Wochen. Et sinn dat déi éischt europäesch Länner déi nees komplett zoumaachen.

An Irland musse vun en Donneschdeg un nees alleguer d’Commercen, déi als net essentiell gëllen, zoumaachen, an dat fir 6 Wochen.

A Wales gëllt dat selwecht vun e Freideg un, emol fir 14 Deeg.

Nëmmen mat esou secke Mesuren gesäit een eng Chance e relativ normale Chrëschtdag kënnen ze feieren, sot den iresche Premier Michael Martin.


An a Slowenien gëllt vun dësem Dënschdeg un, fir d’ganzt Land, eng Aussgangspär tëscht Owes 21 Auer a moies 6.