Dës wichteg Déieren hu vill Barrièren op hire Wanderungen ze iwwerwannen, dorënner déi vill Schleisen.

Haut ass de Welt-Fësch-Migratiounsdag. D’Zil vun deem Dag ass et d’Leit iwwert d’Bedeitung vun de Wanderfësch an de Flëss ze sensibiliséieren. Koordinéiert gëtt d’Aktioun vun der World Fish Migratioun Foundation. Mir hunn eis mat Leit mat der Waasserverwaltung ënnert anerem iwwert d’Barrièren, déi d'Fësch iwwerwannen mussen an de Saumon, ënnerhalen.

Wanderfësch leeë bestëmmte Strecken zeréck, fir ënnert anerem Liewens-an Iessgebidder ze fannen. Zu deene Fëschzorte gehéieren d’Forelle an de Baarwen. Dës Wasserbewunner leeschten ee wichtege Bäitrag fir d’Erhale vun de Flëss.

Duerch zum Beispill Schleisen an Turbulenze ginn d’Flëss zu verschiddene Passagen, déi et de Wanderfësch onméiglech maachen, wäit Strecken zeréckzeleeën. Fir dës Barrièren z’iwwerwanne ginn et verschidde Mesuren ewéi d'Fëschtrapen. Och un der Musel ginn no an no d’Schleise fir d’Wanderfësch duerchgängeg gestalt. Insgesamt 11 Schleise trennen d’Fësch vun der Sauer bis an de Rhäin op Koblenz.

Mam Bau vun de Fëschtrapen an der Nees-Hierstellung vun der Duerchgängegkeet vu de Gewässer wäert de Saumon an e puer Joer nees an déi lëtzebuergesch Flëss awanderen kënnen, esou wéi dat fréier de Fall war.