Si war den 22. Oktober wéinst hirer Covid 19 Infektioun hospitaliséiert ginn.

Déi belsch Ausseministesch Sophie Wilmès kann d'Intensivstatioun erëm verloossen. Si war den 22. Oktober wéinst hirer Covid 19 Infektioun hospitaliséiert ginn.

Déi 45 Joer al Sophie Wilmès muss och nach weider am Spidol bleiwen, allerdéngs op enger normaler Statioun, wéi si am Nomëtteg iwwer Twitter matgedeelt huet.