De vergläichsweis haarde Lockdown am Bundesstaat South Australia ass duerch eng Ligen ausgeléist ginn a gëtt dowéinst elo nees deels opgehuewen.

Wéi de Premier aus dem australesche Bundesstaat elo huet missen zouginn, hätt e Mann, deen u sech nieft engem Infizéierten e puer Schichten geschafft huet, uginn, datt hie krank gi wier, wéi e séier eng Pizza siche war.

D'Autoritéiten hu gefaart, datt se mat enger extrem ustiechender Variant vum Virus ze dinn hätten a sinn dowéinst fir 6 Deeg an de Lockdown gaangen. Egoistesch Aktioune vun enger Eenzelpersoun hätten de ganze Bundesstaat an enger schwiereg Situatioun bruecht, sou de Steven Marshall.