Den 8. November gouf op der B51 en Déier fonnt, wat iwwerrannt gouf. Eng DNA-Prouf huet confirméiert, datt et sech heibäi ëm e Wollef handelt.

Beim Wollef handelt et sech ëm en Déier aus Südhessen, fir genau ze sinn de Wollef mat der Nummer GW1835m. Dem genetesche Profil no staamt d'Déier aus dem Alperaum. Et ass den zweete Wollef, deen an der Äifel nogewise ka ginn.

Och am Grand-Duché gouf et confirméiert Fäll, dat ënner anerem Enn Abrëll zu Nidderaanwen.