Den Nach-President Donald Trump gëtt net op. Quasi all Dag gëtt sech eng nei Taktik ausgeduecht, fir kënne President ze bleiwen.

Iwwerdeems huet den Joe Biden, deen iwwregens e Freideg 78 Joer krut, och am Bundesstaat Georgia gewonnen, nodeems hei nei ausgezielt gouf. Zu Washington virum Wäissen Haus ware mir live bei eisem USA-Korrespondent Philip Crowther.

Hien ass op d'Gewënnchancë vum Donald Trump, den Alter vum Joe Biden, d'Muecht vum Nach-President Donald Trump an d'Corona-Situatioun an den USA agaangen.