Bei den Affer handelt et sech ëm eng Fra an e Mann. Béid Persoune goufen erschoss.

Wéi eng Policespriecherin sot, ass e Verdächtegen festgeholl ginn. Indicen op en terroristeschen Hannergrond gëtt et net.

D'Police war géint 10.45 Auer vun engem Aenzeien alarméiert ginn, well Schëss am Staddeel Gebersdorf gefall waren. Eng Fra loung op der Strooss, an engem Taxi direkt donieft loung en doudege Mann.

E Policespriecher huet däitsche Medie géintiwwer gesot, et géif alles op e Bezéiungsdrama hindeiten. E Verdächtegen hätt sech ouni Géigewier festhuele gelooss. Och eng Waff gouf séchergestallt.