Am Zentrum vu Leipzig protestéieren den Ament honnerte Leit géint d'Corona-Mesuren, wärend et och Géigendemonstratioune ginn.

Dem sächsesche Verfassungsschutz no sinn och Rietsextrem Gruppéierungen ënnert den Demonstranten.

Sëllege Policebeamten sinn op der Plaz am Asaz a versichen d'Demonstranten vun den honnerte Géigemanifestanten ewech ze halen.

© AFP

D'Police aus Sachsen schreift op Twitter, dass et ëmmer nees zu Ausernanersetzunge kënnt. D'Lag wier den Ament immens dynamesch.

Virun zwou Wochen war eng grouss Demonstratioun vun der "Querdenken"-Beweegung zu Leipzig eskaléiert. Bal keen hat sech un d'Maskeflicht gehalen an et koum zu Ugrëff op Policebeamten a Journalisten.