Ënnert der Leedung vu Saudi-Arabien gëtt dëst Joer de G20-Sommet via Videokonferenz ausgedroen. Zentraalt Thema ass d'Lutte géint d'Corona-Pandemie.

Mat dobäi och den US-President Donald Trump. Awer net déi ganzen Zäit iwwer. Wéi et schéngt, hat den Donald Trump schonn no 2 Stonne keng Loscht méi, beim virtuelle Sommet nozelauschteren an ass Golf spille gaangen. Do virdrunner hat hie wärend der 1. Stonn vum Meeting ëmmer nees getwittert. Hien huet sech ënnert anerem iwwert d'Presidentiellen opgereegt a vu "massivem Walbedruch" geschwat. Twitter hues dës Noriichte mat Warnhiweiser gekennzeechent, se kéinten "ëmstridden" Messagen enthalen.

Eng aneren Tweet huet sech op de Gesondheetszoustand vu sengem eelste Fils bezunn, dee sech mam Virus infizéiert huet. Et géing him ganz gutt soen, schreift säi Papp.

DPA-Informatiounen no huet den Donald Trump sech zäitweis vum Finanzminister Steven Mnuchin a vum Wirtschaftsberoder Larry Kudlow vertriede gelooss. Et schonn e puer Mol virkomm, dass Finanzministere fir hir Cheffe bei G20-Sommeten agespronge sinn, wann déi zum Beispill parallel bilateral Gespréicher zu de Sëtzunge geféiert hunn.

E Sonndeg wëll hien awer nees mat dobäi sinn, steet am Kalenner vum Wäissen Haus. D'Memberstaate vum G20-Sommet representéieren iwwer 85 Prozent vun der globaler wirtschaftlecher Leeschtung an zwee Drëttel vun der Weltbevëlkerung.