Nodeems den US-President am Oktober mam Antikierper-Cocktail vum Biotech-Konzern behandelt gouf, huet den Trump et als "Wonnermëttel" bezeechent.

E Samschdeg krut de Konzern d'Zouloossung fir d'Medikament. REGN-COV2 ass e Cocktail aus 2 Antikierper, dee bei Patienten iwwer 12 Joer kann agesat ginn, wann de Risk vun engem schwéiere Krankheetsverlaf besteet. Zil wier et, e Spiodolsopenthalt bei Infizéierten ze vermeiden. Leit, déi hospitaliséiert sinn a Sauerstoff brauchen, dierfen dëst Medikament allerdéngs net kréien.

D'Zouloossung gouf vun der FDA accordéiert, nodeems eng klinesch Studie bei 799 Erwuessene mat liichten a mëttelschwéiere Symptomer duerchgefouert gouf. Der "New York Times" no hätt Regeneron iwwer 500 Milliounen Dollar vun der US-Regierung fir d'Entwécklung vum Medikament krut.

"Et wier e "wichtege Schratt am Kampf géint Covid-19", sot de Regeneron-Chef Leonard Schleifer.

Déi éischt 300.000 Dose gi vun der Regierung gratis zur Verfügung gestallt. Patiente mussen awer eventuell d'Käschten u Gesondheetsinfrastrukture bezuelen, fir d'Medikament ze kréien. Dat huet den Hiersteller an engem offizielle Schreiwes matgedeelt. Bis Enn November solle REGN-COV2-Dose fir 80.000 Patiente produzéiert ginn.

Donald Trump: En "Heelmëttel" fir jiddereen

Vun senger Wierkung iwwerzeegt ass op jidder Fall den US-amerikanesche President. Hien hat am Oktober Reklamm fir d'Medikament gemaach, nodeems hie sech séier vu senger Infektioun erholl hat. Hien hat versprach, dass Regeneron en "Heelmëttel" an e "Wonner" wier a geschwë jidderengem soll zur Verfügung stoen.