Zil vun dësem Satellit ass et, d'Ozeaner z'observéieren, fir Kaarte kënnen z'erstellen.

De Satellit mam Numm "Sentinel 6" gouf vun enger US-Loftwaffebasis a Kalifornien an den All geschoss. "Sentinel 6" soll moossen, wéi sech de Mieresspigel wéinst dem Klimawandel verännert.

D'Missioun ass eng Kooperatioun vun der US-amerikanescher NASA an der europäescher Weltraumorganisatioun ESA. De Satellit soll vun engem Kontrollzenter an der däitscher Stad Darmstadt gesteiert ginn.